Programm

 Léif Participanten,

Mir freeën eis drop, Iech den 9. Mee begréissen ze dierfen, an hoffen elo schonn, datt Dir en agreabelen an erliefnissräichen Dag mat Entspanung an Entdeckunge verbrénge wäert.

Fir e sou fléissenden an optimal organiséierten Oflaf wéi méiglech ze garantéieren, wëlle mir Iech follgend wichteg Informatiounen a Recommandatioune mat op de Wee ginn:

  • Mir recommandéieren, den ëffentlechen Transport oder aner Forme vun doucer Mobilitéit ze notzen, fir de Startpunkt vum Parcours z’erreechen.
  • Déi Persoun, déi d’Tickete kaaft huet, kritt am Büro en Enveloppe mat de Bracelete respektiv Badge fir de Grupp, souwéi och mat de Gedrénks Bongen.
  • Mir weisen ausdrécklech drop hin, datt de Badge aus Sécherheetsgrënn wärend dem ganze Verlaf vum Event gutt siichtbar um Handgelenk gedroe muss ginn.
  • Zousätzlech Gedrénks Bong kënnen am Departbüro oder bei de verschiddene Statiounen um Parcours kaaft ginn.
  • D’Bezuele kann am Empfangsbüro, bei de Statiounen an och op der Arrivée mat Cash, Bankkaart oder Payconiq erfollegen.
  • Eventuell Reschter op enger Gedrénkskaart kënnen um Retour am Büro rembourséiert oder – op Wonsch – un eng Spende Box fir ee gudden Zweck weidergereecht ginn.
  • Op all Statioun fannt Dir eng Affiche mat der jeeweils nächster Etapp vum Parcours souwéi e QR-Code, mat deem Dir d’Kaart bequeem op Ärem mobillen Apparat späichere kënnt.
  • De Parcours ass 11km laang an huet en Héichtenënnerscheed vu ronn 180m. E gëtt als zougänglech fir Persoune mat reduzéierter Mobilitéit souwéi fir Kannerkutsche bewäert.
  • D’Sécherheet vun alle Participante muss zu all Zäit garantéiert sinn, besonnesch am Stroosseverkéier – egal ob zu Fouss, mam Vëlo oder mam Auto.
  • Den Organisateur iwwerhëlt keng Haftung am Fall vun Accidenter oder anere Virfäll.
  • Eis HELPLINE ass tëscht 08:00 an 18:00 ënner der Nummer +352621576154 fir all Froen oder speziell Besoinen erreechbar.
  • An engem Noutfall gëllen déi prioritär Noutruffnummere vum Rettungsdéngscht (112) an/oder vun der Police (113).
  • E Shuttle-Service steet bei Bedarf zur Verfügung, fir Participanten op déi nächst Statioun oder zeréck op de Startpunkt ze bréngen.
  • Well all Statioun zu engem fixen Zäitpunkt zoumécht, biede mir Iech drëm, Är Openthalter op de verschiddene Stoppen net ze laang ausdeenen.
  • Mineralwaasser gëtt op Ufro gratis bei all Statioun ausgedeelt. Mir recommandéieren, e perséinleche Bidon matzebréngen.
  • Um Arrivée biede mir widder benotzbar Akafstuten un, déi op Ufro ausgehännegt ginn.
  • Mir invitéieren Iech, aktiv zur richteger Offalltrennung bäizedroen an déi virgesinn Entsuergungs Behälter ze notzen.
  • Zwee aussergewéinlech Besuchs Programmer sinn am Laf vum Dag virgesinn. Mir bieden Iech, d’Instruktioune vum zoustännege Personal strikt ze befollegen, fir e sécheren an uerdentlechen Oflaf ze garantéieren.
  • Um Arrivée steet eng Affiche mat QR-Code zur Verfügung, iwwer deen Dir den Event digital evaluéiere kënnt. Mir soe schonn elo villmools Merci fir Är Feedback!
  • All Tickets Keefer kritt de 5. Mee eng E-Mail mat dësen Informatioune – mat der Demande, se un déi betreffend Team Memberen weiderzeleeden.

 

Dear Participants,

We are pleased to welcome you on May 9 and already hope that you will enjoy a pleasant and enriching day filled with relaxation and discovery.

To ensure a smooth and well‑organized event, we would like to provide you with the following important information and recommendations:

 

  • We recommend using public transportation or other forms of soft mobility to reach the starting point of the route.
  • The person who purchased the tickets will receive an envelope at the office containing the bracelets or badges for their group, as well as the drink vouchers.
  • Please note that, for safety reasons, the badge must be worn visibly on the wrist throughout the entire event.
  • Additional drink vouchers can be purchased at the departure office or at the various stations along the route.
  • Payments can be made at the reception office, at the stations, and also upon arrival, using cash, bank card, or Payconiq.
  • Any remaining balance on a drink card can be reimbursed at the office upon return or, upon request, donated to a charity via the donation box.
  • At each station, you will find a sign indicating the next stage of the route, as well as a QR code allowing you to download the map onto your mobile device.
  • The route is 11 km long with an elevation gain of approximately 180 m. It is accessible for people with reduced mobility and suitable for strollers.
  • The safety of all participants must be ensured at all times, especially in road traffic—whether on foot, by bicycle, or by car.
  • The organizer assumes no liability in the event of accidents or other incidents.
  • Our HELPLINE is available between 08:00 and 18:00 at +352 621 576 154 for any questions or special needs.
  • In an emergency, the priority emergency numbers remain the Rescue Service (112) and/or the Police (113).
  • A shuttle service is available if needed, to transport participants to the next station or back to the starting point.
  • As each station closes at a fixed time, we kindly ask you not to extend your stops for too long.
  • Mineral water is distributed free of charge upon request at each station. We recommend bringing your own bottle.
  • Reusable shopping bags are available upon request at the arrival office.
  • We kindly invite you to actively support proper waste sorting and to use the designated waste containers.
  • Two special visits are planned during the day. We ask you to strictly follow the instructions of the staff to ensure a safe and orderly experience.
  • Upon arrival, a sign with a QR code will be available, allowing you to evaluate the event digitally. We thank you in advance for your feedback!
  • Each ticket purchaser will receive an email on May 5 containing this information, with the request to forward it to the relevant team members.